Dir Dammen an dir Hären,

D'Steierrecht ass hautdësdaags eng extrem komplizéiert Matière. Klengst Feeler a Versäumnisser kënne fir Iech – als Privatpersoun, als Selbstännegen oder als Entrepreneur – wäitreechend Konsequenzen hunn.

Wéi gutt ass et dohier, wann Dir e kompetenten Uspriechpartner fir all Steierfroen un Ärer Säit hutt, deen Ären individuellen Uspréch perfekt begéint – bei der Duerchsetzung vun Äre Rechter, der Erfëllung vu steierleche Fliichten a bei der Entscheedungsfannung zu betriibleche Strategien.

D'Wahl vun engem Comptabel ass Vertrauenssaach: Vertrauen an d'fachlech Kompetenz, Korrektheet an Zouverlässegkeet. Eis Assistenz a Betreiung sinn ëmmer Moossaarbecht – passgenee zougeschnidden op Är speziell Ufuerderungen. Als eise Mandant stitt Dir heibäi ëmmer am Mëttelpunkt. Och a schwierege Fäll fanne mir eng Léisung.

Bei eis gëtt Clientsfokus grouss geschriwwen, well Dir genéisst ëmmer den direkte Kontakt zu eiser Geschäftsféierung. Onperséinlech Offäerdegung a stänneg wiesselnd Uspriechspartner gëtt et bei eis net. Mir huelen eis fir Iech Zäit a leeë Wäert op eng aktiv, perséinlech Betreiung vun eise Mandanten. An net zulescht: Mir verrechnen op Stonnebasis – onofhängeg vun Ärem Ëmsaz oder Gewënn.

Eis 25-järeg Erfarung an allen administrative Sparten vun den ënnerschiddlechsten Entreprisë gëtt Iech d'berouegend Sécherheet, eng qualifizéiert Assistenz ënner Berécksichtegung vun de beschtméigleche steierlechen a betriibswirtschaftlechen Aspekter ze kréien.

Mir freeën eis op en onverbindlecht éischt Gespréich mat Iech a verbleiwen,

Mat frëndleche Gréiss,


Renate Wilmes                                          Roger Wilmes